News

Publié le 24 February 2021

Als Proprietär de Loyer op der Steiererklärung zu Lëtzebuerg deklaréieren!

Wann Dir Proprietär vun engem Haus oder engem Appartement sidd, dat verlount gëtt, da gëtt de Loyer deen Dir dofir bezuelt kritt besteiert.
Wien ass dovu betraff?

Dat gëllt fir d'Awunner déi eng Immobilie zu Lëtzebuerg oder am Ausland verlounen, fir Frontalieren, déi een Haus oder eng Wunneng zu Lëtzebuerg verlounen a fir Frontalieren déi eng Immobilie am Ausland verlounen an sech dofir entscheet hunn, nom selwechte Prinzip besteiert ze gi wéi d'Awunner.
 
D'Proprietäre vun engem verlounten Haus oder Appartement kennen awer och vu Steiervirdeeler op der Steiererklärung zu Lëtzebuerg profitéieren.
 

Wéi vill vum Loyer gëtt op der Steiererklärung besteiert?
 
Steierflichteg ass de Loyer, minus verschidde Käschten.
 
De Loyer gëtt dem Steierjoer zougeschriwwen, an dem de Proprietär de Loyer vum Locataire kritt huet. Dat heescht, dass och Loyer dee fir déi Jore virdrunner oder duerno geduecht ass an, an dësem Joer bezuelt gëtt, zum Bruttoakommes vun deem aktuelle Steierjoer gehéiert. 
 

Wat kann ee Proprietär op der Steiererklärung zu Lëtzebuerg uginn?
 
D'Käschten déi ee vum Loyer ofzéie ka sinn:
  • Entretiens- a Reparaturkäschten;
  • Scholdzënsen;
  • Amortissement;
  • Administrativ Käschten.
 
Ausserdeem si fir ee Proprietär, deen säin Haus un eng sozial Ariichtung verlount, 50% vum Loyer net steierflichteg.
 

Wéi deklaréieren ech meng Recettë vum Loyer op der Steiererklärung?
 
Fir des Recetten unzeginn, muss Dir zousätzlech zu Ärer Steiererklärung, de Formular 190 ausfëllen. Dat kenn Dir och mat taxx.lu maachen.

Mat taxx.lu ass d'Deklaréiere vum Loyer op der Steiererklärung ee Kannerspill!
 
Wann Dir op taxx.lu bei Ärer "Steuersituation" ugitt, dass Dir een Haus oder een Appartement verlount, kenn Dir duerno ganz einfach bei "Mieteinnahmen", wat de Formular 190 duerstellt, Är Date vum Loyer aginn. 

De System rechent automatesch den Amortissement, verrechent verschidde Käschten a fëllt de steierflichtege Loyer an Är Steiererklärung an.
 
Fëllt als Proprietär de Formular 190 mat taxx.lu aus, fir de Präis vun nëmme weideren 20€!

Partagez

Testez taxx.lu maintenant!

Inscrivez-vous gratuitement

Créez un compte, complétez votre déclaration et simulez votre remboursement d'impôts!

Cet article vous a aidé?

Lisez les articles similaires

Related posts image