News

Publié le 04 March 2021

Äre Bauspuervertrag op der Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofsetzen!

Mat engem Bauspuervertrag kenn Dir Steiere spueren andeems Dir d'Beträg an der Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofsetzt.
Säit 2017 hänkt den ofsetzbare Maximum fir d'Bauspuere vum Alter vum Steierflichtegen of.

Sou gouf de maximal ofsetzbare Betrag fir Persounen ënner 41 Joer verduebelt, wat eng Deductioun vun 1.344€ pro Persoun am Haushalt erméiglecht. Fir Persounen iwwer 41 Joer ass de Maximum 672 €, déi och mat der Zuel un Leit am Haushalt multiplizéiert ginn.

Beispill:

Een Haushalt mat 4 Persounen (2 Erwuessener enner 41 Joer an 2 Kanner) kann also vun enger Deductioun vun 5.376 EUR profitéieren, wat dozou féiert dass ee bis zu 2.419 EUR u Steieren erëm kritt.


Wéi kann ech den ofsetzbare Maximum fir d'Bauspueren erausfannen?

Mat taxx.lu ass dat e Kannerspill! taxx.lu ermëttelt automatesch den ofsetzbare Maximum, ugepasst un Är perséinlech Situatioun.


Well dir e Bauspuervertrag ofschléissen a Steiere spueren?
Kontaktéiert eis: help@taxx.lu

Partagez

Testez taxx.lu maintenant!

Inscrivez-vous gratuitement

Créez un compte, complétez votre déclaration et simulez votre remboursement d'impôts!

Cet article vous a aidé?

Lisez les articles similaires

Related posts image