News

Publié le 24 February 2021

Assurancen op der Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofsetzen!

Déi meescht Leit bezuele reegelméisseg Primmen un Assurancen, mee wosst Dir dass Dir mat Versécherungsprimme ganz einfach Steiere spuere kennt, andeems dir se op Ärer Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofsetzt?
Ofsetzbar si Primmen, déi sech op des Assurancë bezéien:
  • Liewen ;
  • Dout ;
  • Rechtschold ;
  • Accident ;
  • Persouneschued;
  • Invaliditéit ;
  • Krankheet;
  • Haftflicht. 
 
D'Primme vir Liewensversécherunge sinn nëmmen op der Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofsetzbar, wann d'Assurance fir op mannst 10 Joer ofgeschloss ass.
 
Wéi vill kann ee vu sengen Assurancen ofsetzen?
 
Säit 2017,  gëllt fir Zënsen an Assurancëprimmen déi selwecht ofsetzbar Zomm. De Betrag, läit am ganze bei 672 € pro Joer pro Persoun am Stot.
 
Beispill:
Ee 4-Persounen-Stot (2 Erwuessener an 2 Kanner) kann also bis zu 2.688€ (4 x 672€) ofsetze fir Scholdzënsen a Versécherungsprimmen zesummen. An deem Fall kann een 1.128,96€ Steieren erëmkréien.
 
Mat taxx.lu ass dat ee Kannerspill!
 
Dir kritt all Joer een Zertifikat vun Ärer Bank mat all den noutwennegen Informatiounen. Des Date gitt Dir op taxx.lu am Formular "Sonderausgaben" an. 

taxx.lu fëllt dann automatesch déi maximal ofsetzbar Beträg vun den Assurancen op Är Steiererklärung an.

Partagez

Testez taxx.lu maintenant!

Inscrivez-vous gratuitement

Créez un compte, complétez votre déclaration et simulez votre remboursement d'impôts!

Cet article vous a aidé?

Lisez les articles similaires

Related posts image