News

Publié le 01 March 2021

D'Reschtscholdversécherung: Prime unique oder annuelle?

Mat enger Reschtscholdversécherung gëtt de Remboursement vun engem Immobiliëprêt vu sengem eegenen Haus oder Appartement ofgeséchert.

Dat heescht also, fir fir de Fall vun engem Stierffall oder enger kompletter Invaliditéit virzesuergen a sengen Iewe keng Scholden ze hannerloossen, kann een eng Reschtscholdversécherung ofschléissen an déi dann och op der Steiererklärung zu Lëtzebuerg ofsetzen.

Eng berechtegt Fro, déi sech ville Leit stellt ass, wat méi Virdeeler huet: Prime unique oder annuelle?

D'Primm vun der Reschtscholdversécherung ee Mol pro Joer bezuelen:
 
Wann een sech vir d’Prime annuelle decidéiert, fält den ofsetzbare Betrag fir dës Assurance ënner deen normalen ofsetzbare Betrag vu 672€ pro Persoun, dee fir all déi ofsetzbar Versécherungen a Scholdzënse gëllt.

Doduerch kann et geschéien, dass wann ee schonn aner Versécherungen oder Scholdzënsen ofsetzt, dass de Plaffong fir di ofsetzbar Zomme schonn areecht ass an een dofir seng Reschtscholdversécherung net méi op der Steiererklärung ofsetze kann.

Beispill :

Eng Famill (2 Erwuessener an 2 Kanner) kann am ganze bis zu 2.688€ ofsetze fir Assurancëprimmen (Reschtscholdversécherung inclus) a Scholdzënsen. Doduerch kenn d’Famill bis zu 1.230,57€ u Steieren erëm kréien.
 

Prime unique bei der Reschtscholdversécherung :
 
Wann een d’Primm vun der Reschtscholdversécherung an enger Kéier bezilt, gëtt déi maximal ofsetzbar Zomm erhéicht.
An dësem Fall ass den ofsetzbare Betrag d‘Zomm vun der Primm, awer ouni méi héich wéi 6.000€ ze sinn. De maximal ofsetzbare Betrag erhéicht sech pro Kand am Stot em 1.200€ an et ginn 8% pro Liewensjoer iwwer 30 dobäi gerechent.
 
Maximal ofsetzbar Zomm fir d’Reschtscholdversécherung bei der Prime unique:

  • 6.000 € pro Persoun
  • 1.200 € pro Kannt
  • + 8 % pro Joer iwwer 30
 
Beispill :

Eng Famill zu 4, een Elterendeel (40 Joer), deen aneren Elterendeel (38 Joer) an 2 Kanner kenne bis zu 24.960€ ofsetzen.
 
Éischten Elterendeel (40 Joer): 
  • 6.000€ + 2 x 1.200€ = 8.400€
  • 8% x 10 x 8.400€ = 6.720€

Zweeten Elterendeel (38 Joer):
  • 6.000€
  • 8% x 8 x 6.000€ = 3.840€

Am ganzen:
  • 24.960€

Mat taxx.lu musst Dir keng komplizéiert Rechnunge maachen, eise System rechent automatesch den ofsetzbare Betrag fir Är Reschtscholdversécherung

Partagez

Testez taxx.lu maintenant!

Inscrivez-vous gratuitement

Créez un compte, complétez votre déclaration et simulez votre remboursement d'impôts!

Cet article vous a aidé?

Lisez les articles similaires

Related posts image